„2018, goufen zu Lëtzebuerg 1000 Persounen erfaasst, déi mam HIV-Virus liewen. Et geet een dovunner aus, datt nëmme 85% vun de Fäll diagnostizéiert goufen, wat bedeit, datt d’Gesamtzuel vu Persounen, déi mam HIV-Virus liewen, bei 1176 Persoune läit“.
HIV-DIAGNOS: LABORATOIRE ODER SELBSTTESTER?
Wat ass den HIV (oder VIH)?
Den Humanen Immundefizienz-Virus ass e Virus, dee sexuell an iwwer d’Blutt iwwerdroe gëtt, an dee fir de Syndrome d’ImmunoDéficience Acquise (SIDA oder AIDS) verantwortlech ass. E verursaacht eng chronesch Infektioun, déi, streng geholl, net geheelt ka ginn, och wann déi meeschte Kranker, déi medezinesch Behandlung an Usproch huelen, eng praktesch normal Liewenserwaardung hunn.
Well d’Krankheet am Ufank ouni Symptomer verleeft, gëtt geschat, datt 15% vun de Kranken zu Lëtzebuerg net wëssen, datt se seropositiv sinn an datt si domat de Virus ouni et ze wëssen op anerer iwwerdroe kënnen. Genee dofir ass et esou wichteg, so fréi ewéi méiglech eng Diagnos ze kréien, wann et zu enger Risikosituatioun komm ass.
Wéi gëtt de Virus detektéiert?
Zanter senger Entdeckung am Joer 1983 hu sech d’Moyene, fir den HIV-Virus ze diagnostizéiere permanent weiderentwéckelt an erlaben haut, mat enger einfacher Bluttanalys, déi an engem medezinesche Laboratoire duerchgefouert gëtt, eng extrem zouverlässeg Diagnos vun dëser Infektioun.
HIV-SELBSTTESTER: INFORMATIOUNEN
Zanter e puer Méint kann ee Selbsttester fir d’Diagnos an den Apdikten an och a verschiddene Supermarchéë kafen, an dat wërft eng Rei vu Froen op, souwuel an de wëssenschaftlechen a medezinesche Kreesser, wéi och an der Bevëlkerung allgemeng. Kann ee sech op déi Selbsttester verloossen? Wat sinn hir Limitten? Si se manner deier wéi d’Tester, déi an de Laboratoirë gemaach ginn?
WAT ASS EN HIV-SELBSTTEST?
Et handelt sech heibäi ëm e Blutttest, dee mat enger Drëps Blutt aus der Fangerspëtzt duerchgefouert gëtt. D’Resultat vun der Analys muss ee selwer interpretéieren, ouni d’Hëllef vu medezineschem Fachpersonal, dat ee beréit, wéi een, ofhängeg vum jeeweilege Resultat, sech elo verhale soll. Momentan variéiert de Präis vun engem Test tëschent 20 a 40 Euro.
WAT SINN HIR LIMITTEN?
Delai
Infektiounen, déi manner wéi 12 Wochen zeréckleien, kënnen net vun dësen Tester diagnostizéiert ginn.
Confirmatioun néideg
All positiv Resultater mussen duerch en Test am Laboratoire confirméiert ginn, fir datt eng medezinesch Betreiung ageleet ka ginn.
Risiko
Den HIV ass net déi eenzeg Infektioun, déi sexuell iwwerdrobar ass. Wann een dës Tester ouni medezinesch Begleedung benotzt, geet een de Risiko an, datt eng aner potenziell schwéier Erkrankung (Hepatitt, Syphilis…) onentdeckt bleift.
Leeschtungsbeweis
D’Sensibilitéit an d’Specificitéit vun dëse Selbsttester ass nach ni duerch fundéiert an onofhängeg wëssenschaftlech Studien ënnersicht ginn.
Bedruch
Bei der Auswiel vun dësen Tester soll ee besonnesch virsiichteg sinn, well den CE-Label op kee Fall eng Garantie fir Qualitéit ass. Et ginn effektiv verschidden Tester mat engem CE-Label, déi net zouverlässeg sinn, an déi versichen, an den europäesche Marché eranzekommen.
AM IWWERBLÉCK
Laboratoire fir medezinesch Analysen | HIV-Selbsttest | ||
---|---|---|---|
Käschten | Ginn op Ordonnance iwwerholl | 19 € ouni Ordonnance * | 20 bis 40 € |
CE-Label | |||
Qualitéitsnorm ISO 15189 | |||
Serologesch Fënster** | 4 Wochen | 12 Wochen | |
Iwwermëttlung vum Resultat deselwechten Dag | |||
Confirmatioun vum Resultat | |||
Medezinesch Interpretatioun vum Resultat | |||
Global medezinesch Betreiung | |||
Gesetzlech garantéiert Vertraulechkeet | |||
fundéiert wëssenschaftlech Beweiser |
** Mindestdelai no der Risikosituatioun fir en zouverlässegt Resultat ze kréien
D’VIRDEELER VUN ENGER MEDEZINESCHER BEGLEEDUNG


E falscht negatiivt Resultat, dat e seropositiive Patient , deen sech eréischt viru Kuerzem ugestach huet, bei engem Selbsttest kritt, ka katastrophal Konsequenze fir d’ëffentlech Gesondheet hunn. Well de Patient zu Onrecht mengt, net infizéiert ze sinn, riskéiert en, d’Infektioun op seng zukünfteg Partner ze iwwerdroen.
En Test am Laboratoire ass net nëmmen déi zouverlässegst Method fir de Virus ze entdecken, mä e stellt och sécher, datt de Patient wierklech begleet gëtt a sech net selwer iwwerlooss ass, wann hie matgedeelt kritt, datt hie seropositiv ass.
HIV
PREVENTIOUN & INFORMATIOUN
WANN DE RISIKO MANNER EWEI 72 ST ZERÉCKLÄIT
Wann de Risiko manner ewéi 72 St. zeréckläit: Hei ass et méiglech, eng preventif Noutfallbehandlung no der Expositioun (traitement d’urgence préventif post-exposition – PEP) anzeleeden, déi de Risiko, sech mam HIV-Virus unzestiechen, staark reduzéiert. Huelt direkt e Rendez-vous am Nationale Service fir ustiechend Krankheete vum CHL.
Dat eenzegt Mëttel, fir sech effikass virum HIV-Virus ze schützen, ass e Kondom.
WOU KANN EE SECH TESTE LOOSSEN?
Mat iwwer 40 Zentren an dem mobillen a käschtefräie Service fir Blutt ofzehuele vu Picken Doheem huet all Patient d’Méiglechkeet, e Laboratoires-Test fir den Depistage op der Adress vu sengem Choix ze maachen. Dës Tester sinn ausserdeem méi käschtegënschteg a méi zouverlässeg wéi déi aktuell Selbsttester.
D‘medezinesch Biologe setze sech all Dag dofir an, d’Qualitéit vun de Resultater vu biologeschen Analysen, déi vun ëffentlechen Instanzen, Dokteren a Patienten erwaart gëtt, am Aklang mat der OLAS-Akkreditatioun no der Norm 15189 sécherzestellen. Hiren Know-how garantéiert zouverlässeg biologesch Resultater, déi der jeeweileger medezinescher Situatioun no adequat interpretéiert ginn.
Wann Dir Froen hutt, dann adresséiert Iech w.e.g. un Ären Hausdokter oder un Äre Laboratoire.
BioneXt LAB / Picken Doheem
Depistage op der Adress vun Ärem Choix oder am Prelevementszentrum
2-4 rue du Château d’Eau
L-3364 Leudelange
T. 8002 4040 (vum Ausland: +352 285 737-1 )
Centre Hospitalier (CHL) 7D/7D a 24St/24St
Service fir ustiechend Krankheeten (2. Stack)
4, rue Barblé
L-1210 Luxembourg
Planning familial
2-4, rue Ernie Reitz, Esch/Alzette T. 54 51 51
18, avenue J.F. Kennedy, Ettelbruck T. 81 87 87
6-10, rue de la Fonderie, Luxembourg T. 48 59 76
www.planningfamilial.lu